🤍 Iwwer mech
De Wee zeréck bei dech selwer fänkt un, wann s du dengem Häerz erëm nolauschters.
Vläicht kenns du dat Gefill.
No bausse schéngt alles ze fonctionéieren. Du erfëlls deng Rollen, këmmers dech ëm aner Mënschen a meeschters den Alldag. Awer déif an dir spiers du eng lues Stëmm, déi seet:
Do muss dach nach méi sinn.
Laang Zäit hunn ech genee esou gelieft.
Bal 40 Joer vu mengem Liewen hunn ech virun allem fonctionéiert. Ech hu mech ugepasst – un Erwaardungen, un ongeschriwwe Reegelen doriwwer, wéi een ze sinn huet a wat een alles leeschte muss. Ech hu probéiert alles richteg ze maachen a jidderengem gerecht ze ginn.
Dobäi hunn ech mech selwer awer ëmmer méi verluer.
Als Mamm vun zwee Kanner weess ech, wéi usprochsvoll et ka sinn, tëscht Verantwortung, Famill an den eegene Besoinen eng Balance ze fannen. Mir schenken anere Mënschen dacks esou vill Léift an Opmierksamkeet – eise Kanner, eiser Famill an eisem Ëmfeld.
Awer dobäi vergiesse mir heiansdo, eis selwer déi selwecht Léift ze ginn.
Mir si fir jiddereen do, just fir eis selwer dacks net wierklech.
Laang Zäit wousst ech net, wien ech eigentlech sinn – mee ech wousst ganz genee, wat ech alles net sinn.
Net staark genuch.
Net gutt genuch.
Net richteg. Anescht.
Ech hunn net méi op mäi Kierper gelauschtert, meng Gefiller ënnerdréckt a probéiert einfach weiderzemaachen.
Bis mäi Kierper iergendwann Stopp gesot huet.
Panikattacken an zum Schluss e Burnout hu mech dozou gezwongen, stoen ze bleiwen an hinzekucken. Deemools huet et sech wéi en Zesummebroch ugefillt. Haut weess ech: Et war den Ufank vu menger wichtegster Rees.
D’Rees zeréck bei mech selwer.
Eng traditionell Psychotherapie huet mir gehollef ze verstoen, firwat ech mech esou fillen, wéi ech mech fillen. Awer ech hu gespiert, datt et nach méi muss ginn.
Verstoen ass wichteg – mee wierklech Verännerung entsteet dacks eréischt dann, wa mir ufänken nei Erfarungen ze maachen an aal Mustere wierklech ze veränneren.
Dës Sich huet mech zu ville verschiddene Methoden an Approche geféiert: Hypnos, Meditatioun, spirituell Praktiken, Mind Shifting, psychosomatesch Energetik, Somatic Experiencing a vill méi.
Aus all dësen Erfarungen hunn ech eppes Wäertvolles matgeholl. Well ech gleewen net un déi eng Method fir jiddereen.
All Mënsch ass eenzegaarteg – an och de Wee zeréck bei sech selwer ass individuell.
Eng déifgräifend Verännerung huet fir mech awer ugefaangen, wéi ech mech entscheet hunn eng Ausbildung an Déierekommunikatioun ze maachen – méi genee als Päerdsflüsterin.
Als een, deen Droit studéiert huet an als Juristin am Bankewiesen geschafft huet, hätt ech mech fréier ni mat eppes beschäftegt, dat als „iwwernatierlech“ oder „iwwersënnlech“ gëllt. Awer wéi ech d’Annonce fir dës Ausbildung gesinn hunn, hunn ech mech op eng Manéier ugeschwat gefillt, déi ech mir selwer net erkläre konnt.
Mäi Kapp hat dausend Grënn dogéint: Et war deier, ech hätt mäi Partner dräi Wochen eleng mat de Kanner gelooss, an iwwerhaapt huet et net an d’Bild vu mengem Liewe bis dohi gepasst.
Awer dës Kéier huet mäin Häerz gewonnen.
Ech hu mech op dës Erfarung agelooss, ouni ze wëssen, wat mech erwaart. An genee do huet eppes Entscheedendes ugefaangen:
Ech hunn ugefaangen, mengem Häerz a menger Intuitioun ze vertrauen.
Zënterhier fillt mäi Liewen sech ëmmer méi erfëllt un – Schrëtt fir Schrëtt, Dag fir Dag.
D’Thema Burnout huet mech awer net méi lassgelooss. Ech wollt verstoen – a virun allem och anere Mënschen hëllefen, déi Änleches erliewen.
Also sinn ech weider menger Intuitioun a mengem Häerz nogaang a hunn nach weider Ausbildunge gemaach, ënner anerem als Achtsamkeetstrainerin (Natural Healing Coach mat Päerdsstäerkt) souwéi am Beräich vun der Traditioneller Chineesescher Medezin.
Mat all dësen Erfarungen hunn ech e Stéck méi zeréck bei mech selwer an zu mengem Häerz fonnt. Ech hunn ugefaangen ze wuessen, iwwer mech eraus ze wuessen – a mäi Liewe Schrëtt fir Schrëtt méi bewosst, méi fräi a méi authentesch ze gestalten.
Fir mech ass dëse Wee zu engem Wee vum Kapp zum Häerz ginn.
Vum stännege Fonctionéieren zu engem méi bewosste Liewen.
Vum bannenzegen Drock zu méi Vertrauen.
Vum "Erstarren" zeréck zum Fillen.
Haut fillen ech mech erëm verbonnen – mat mir selwer a mam Liewen.
Dat heescht net, datt ëmmer alles einfach ass. Awer ech weess haut, datt mir all d’Ressourcen an eis droen, fir duerch schwéier Zäiten ze goen an dorunner ze wuessen.
Ech weess och, wéi eleng een sech heiansdo mat senge Gedanke fillt.
Genee dofir ass et mäin Häerzenswonsch, dech ze begleeden.
Wann s du spiers, datt s du dir selwer erëm méi no komme wëlls…
wann s du dech no méi banneschter Rou, Kloerheet an enger méi déiwer Verbindung mat dengem Häerz seens…
…da wëll ech dir e geschützte Raum ubidden.
E Raum, an deem s du näischt muss leeschten.
E Raum, an deem s du erëm bei dir selwer ukomme kanns.
E Raum, an deem Verännerung an dengem eegene Rhythmus entstoe kann.
Fir datt s du Schrëtt fir Schrëtt erëm méi Vertrauen an dech selwer – an an d’Liewen – fënns.
Ech géif mech freeën, dech e Stéck op dengem Wee begleeden ze dierfen. 🤍

