Talk to your heart
Vum Kapp zeréck an d’Häerz
Vläicht spiers du, datt s du scho laang just nach fonctionéiers.
Datt däi Kapp kaum zur Rou kënnt oder datt s du déif an dir fills, datt am Liewen nach méi op dech waart.
Ech begleeden dech um Wee zeréck bei dech selwer – zu méi Rou, Vertrauen an enger déiwer Verbindung mat dengem Häerz.
Ech schafen dir e Raum, an deem s du näischt leeschte muss an einfach däerfs du selwer sinn – ganz egal, wéi s du dech grad fills.
Dat ass fir dech, wann s du…
dech dacks gestresst oder onroueg fills
méi funktionéiers wéi wierklech ze liewen
dech erëm méi mat dir selwer verbanne wëlls
dech no méi Sënn an Déift an dengem Liewe seens
oder dir méi Kloerheet a Rou wënschs
…da lauschter op däin Häerz.
Achtsamkeetstraining, energeetesch Massagen a Coaching zu Lëtzebuerg, déi dech vum Fonctionéieren zeréck an d'Liewensfreed begleeden.

