LU | DE | FR

Fann erëm zeréck bei dech – an engem geschützte Raum, wou s du einfach dierfs sinn

🤍 Nohalteg Verännerung

E richtege Changement brauch Zäit, Vertrauen an e séchere Kader.
Dofir schaffen ech meeschtens mat Coaching-Forfaiten.

Sou entsteet e Raum, an deem s du lues a lues erëm bei dech selwer ukomme kanns.

🤍 Meng Begleedung

E wichtegen Deel vu menger Aarbecht ass et,
dech dobäi ze ënnerstëtzen, däin Nervesystem ze berouegen
an erëm méi Bewosstsinn an däi Liewen ze bréngen.

Wann däi Kierper sech erëm sécher fillt, gëtt et méi einfach:

  • al Musteren ze erkennen

  • limitéierend “Glaubenssätze” ze veränneren

  • nei Perspektiven ze entdecken

Zesumme fanne mir däin „inneren Anker“ –
eng Plaz an dir, déi dir Halt a Vertraue gëtt.

🤍 Plaz & Méiglechkeeten

Den Coachinge fennt – wann et méiglech ass – dobaussen an der Natur statt,
op engem schéine privaten Terrain.

D’Rou, d’Weit an d’Verbindung mat der Natur
hëllefen dir, erëm méi bei dech selwer ze kommen.

Ab Mëtt vum Joer gëtt et och d’Méiglechkeet,
Coaching an der Präsenz vun Päerd ze erliewen –
eng ganz besonnesch an déifgräifend Erfahrung.

Wann s du léiwer vun doheem aus dobäi bass,
kanns du natierlech och online iwwer Zoom matmaachen.

🤍 Ganz op dech ofgestëmmt

All Offere ginn individuell un deng Besoinen ugepasst.

🤍 Wat dech erwaart

  • Eng individuell Begleedung – ganz op dech ofgestëmmt

  • Déif Entspanung a Reguléierung vun dengem Nervesystem

  • E Raum, fir deng Gefiller zouzeloossen an dech selwer nees ze spieren

  • Ënnerstëtzung fir al Musteren ze veränneren

  • Méi Kloerheet, bannescht Rou a Vertrauen

Du muss näischt matbréngen.
Du dierfs einfach sinn.

🤍 Meng Approche

All Mënsch ass eenzegaarteg – mat senger eegener Geschicht, sengen Erfarungen a sengem ganz perséinleche Wee.
Genee esou passen ech mäi Coaching un.

🤍 Däin éischte Schrëtt

Et ass mir wichteg, datt eis Zesummenaarbecht fir béid Säite gutt a stëmmeg ass.
Dofir fänke mir ëmmer mat enger Stonn un fir sech kennenzeléieren.

Mir kënnen och gär kuerz telefonéieren, wann s du Froen hues.

Hei hues du Raum fir:

  • däin Thema ze deelen

  • Froen ze stellen

  • an ze spieren, ob dëse Wee sech fir dech richteg ufillt

Gratis an onverbindlecht Telefonsgespréich

Bass du nach onsécher oder hues du Froen?
Ech bidden dir gär e gratis an onverbindlecht Telefonsgespréich un.

Meng Begleedungen

Hei drënner fënns du meng Offeren

Wichtegen Hinweis

Mäi Coaching stellt keng Therapie duer an ersetzt keng psychotherapeutesch oder medezinesch Behandlung.
De Coaching ass fir perséinlech Entwécklung, Reflexioun an Ënnerstëtzung bei Verännerungsprozesser geduecht.

Am Fall vu psychesche Problemer oder gesondheetleche Beschwieren ass et wichteg, e qualifizéierte Fachmann ze kontaktéieren
(z. B. e Psychotherapeut oder en Dokter).

Am Prinzip fannen d’Leeschtungen zu Ansembuerg statt
(tëscht Tënten an Huelmes).

D’Allgemeng Geschäftsbedingunge fënns du hei op däitsch an op franséisch.

Däin éischte Schrëtt zeréck bei dech

Dëst Gespréich ass fir dech, wann s du spiers,
datt sech eppes däerf veränneren – och wann s du nach net genee weess, wéi.

Mir kucken zesummen:

  • wou s du aktuell stees

  • wat dech bannenan beweegt

  • wat s du wierklech brauchs

An du kanns an aller Rou spieren,
ob dës Zesummenaarbecht sech fir dech richteg ufillt.

Dauer: 1 Stonn
Präis: 85 € (ouni TVA)

🤍 Maach däin éischte Rendez-vous

Talk to your heart - Get connected

Zwei Holzstühle im grünen Park bei Sonnenuntergang, mit weißen Sitzkissen, die mit einem Blumen- und Herzdesign und den Worten „Talk to your heart“ bedruckt sind.

Talk to your heart - the heart journey

(recommandéiert)

Fir eng richteg an nohalteg Verännerung

Verännerung brauch Zäit, Vertrauen an e séchere Kader.
Dës Begleedung bitt dir e Raum iwwer e puer Wochen –
mat Rou, Déift an an dengem eegene Rhythmus.

Hei entsteet e Raum fir:

  • eng richteg Verännerung – net nëmme verstoen

  • méi Verbindung zu dir selwer

  • Schrëtt fir Schrëtt erëm Vertrauen an dech

Forfaiten:

  • 5 Sessiounen → 450 € (ouni TVA)

  • 10 Sessiounen → 880 € (ouni TVA)

Ideal, wann s du spiers:
„Ech wëll wierklech eppes veränneren.“

🤍 Fänk däi Wee zeréck bei dech un


Zeréck an däi Kierper – zeréck an d’Gefill

Heiansdo späichert eise Kierper dat,
wat mir laang net konnte spieren.

Dës Massagen op Basis vun der traditioneller chineesescher Medezin
ënnerstëtzen dech dobäi:

  • Spannungen ze léisen

  • däin Nervesystem ze berouegen

  • erëm méi bei dech selwer ze kommen

Eenzel Sessioun: 130 € (ouni TVA)
Forfait (5 Massagen): 580 € (ouni TVA)

Fir méi Rou, Verbindung a Lassloossen

🤍Gënn dir dëse Raum fir dech

🚗 Mobile Service

Ech kommen och gär mat menger mobiller Massagelieg bei dech heem,
sou datt s du d’Behandlung an dengem gewinnten Ëmfeld genéisse kanns.

D’Unfahrt ass bis 10 km inklusiv.
Duerno ginn 0,50 €/km verrechent.

Talk to your heart - talk to your body


Ein Sonnenuntergang über einer Wiese mit Pferden, umgeben von Bäumen im Herbst, im Vordergrund ein Pferd und ein Pony.

Talk to your heart - you are not alone

Et gi Momenter am Liewen, oder bestëmmte Phasen,
an deenen een d’Gefill huet, d’Kontroll ze verléieren –
wéi wann de Buedem ënnert de Féiss ewechgezu gëtt.

Aus eegener Erfarung weess ech, wéi usprochsvoll esou Zäite kënne sinn.
Dacks fillt een sech net verstanen, eleng, oder weess net méi, wéi de nächste Schrëtt kéint ausgesinn.

An esou Momenter kann et ganz hëllefräich sinn,
een un der Säit ze hunn, deen dech mat Rou an Opmierksamkeet begleet
an dir e Raum gëtt, fir lues a lues erëm Orientéierung a Stabilitéit ze fannen.

Wann s du de Besoin hues, iwwer eng gewëssen Zäit méi intensiv begleet ze ginn,
kënne mir zesummen e ganz perséinleche Wee ausschaffen –
ganz op deng Besoinen an deng Situatioun ofgestëmmt.

🤍 Ech sinn fir dech do

Eng individuell Offer – ganz op dech ofgestëmmt

Frau mit Brille steht neben einem braunen Pferd in einer Reithalle mit Holzdach und Erde Boden, lächelt.

Coaching mat dengem Päerd – eng besonnesch Erfarung

Päerd spigelen deng bannescht Haltung,
hëllefen dir, dech selwer méi kloer ze spieren
a wierken dacks méi déif wéi Wierder.

Hues du e Päerd?

Wëlls du eng méi déif a bewosst Verbindung zu dengem Päerd opbauen?
Spiers du, datt däi Päerd vill méi ass wéi just e Reit- oder Aarbechtspartner?

Däi Päerd weist dir éierlech, wat an dir virgeet.
Ech begleeden dech dobäi, dës Signaler ze erkennen an ze léieren, wéi s du se fir dech notze kanns.

Looss dech iwwerraschen, wéi gutt däi Päerd dech kennt
a wéi et dech op dengem Wee begleede kann.

Fir méi Bewosstsinn, Vertrauen an eng richteg Verännerung.

🤍 Erlief däi Päerd als Coach

D’Präisser si déi selwecht wéi uewen.

Talk to your heart - talk to your horse


Kontakt ophuelen